De 24. August huet d’Ukrain den 31. Onofhängegkeetsdag vun der Sowjetunioun gefeiert. Deen Dag war och de Krich an hirem Land scho 6 Méint am Gaang.
“Dëst Joer hu mir d’Gefill, wéi wann een eis eis Onofhängegkeet klaue wëll. Eis eist Land, eis Sprooch an eis Kultur ewechhuele wëll.” Dat sot d’Inna Yaremenko, Vize-Presidentin vun der Associatioun Lukrain beim Fest zum ukraineschen Nationalfeierdag am Hesper Park.